45. Editioun vum Ouschterlaf & nationale Championat vu Police, Douane an Arméi

Den 10. Abrëll 2023 war et rëm sou wäit: de Lafclub vun der Police huet, zesumme mat der Generaldirektioun, um Ouschterméindeg, op déi traditionell Stroosse Course iwwert d’Distanz vun 10 Kilometer agelueden.

Déi mëttlerweil 45. Editioun vum Ouschterlaf, an déi och de nationale Championat vu Police, Douanes an Arméi integréiert ass, konnt un de grousse Succès vun de Jore virdrun uknëppen. D’Wiederkonditiounen waren excellent, sou dass enger flotter Course näischt am Wee stoung. 418 Leefer a Leeferinnen ware beim Organisateur, dem CAEG Grevenmacher, fir den 10km Laf ugemellt.

Insgesamt waren 25 Membere vum Lafclub vun der Police an 35 Memberen der AS Douanes, der Arméi, der Polizei Saarland, an de PP Trier an der franséischer Gendarmerie bei dësem Evenement gemellt.

Bei den Dammen goung déi éischt Plaz am Police-Championat, wéi schonns dat leschten Joer, un eis Kollegin Stéphanie PELLER, mat enger Zäit vun 00:44:04. D’Mandy FAUTSCH vum A.S. Douanes konnt sech an enger Zäit vun 00:47:37 déi 2. Platz sécheren. D’Audrey GIRARD (Arméi) koum mat enger Zäit vun 00:48:10 op déi 3. Plaz.

Bei de Hären war déi éischt Plaz fir den Dominik PAUL vun der Police aus dem Saarland, dëst an enger Zäit vun 00:35:25. Den Fabian GRILL, och aus dem Saarland, koum an enger Zäit vun 00:35:48 op déi 2. Plaz. Drëtten bei den Hären gouf den Luc HENSGEN vum Lafclub vun der Police an enger Zäit vun 00:36:10.

Bei der Equippewärtung konnt d’Police aus dem Saarland déi 1. Plaz, d’Equipe vun der Police Lëtzebuerg (JODOCY-JAEGER-PELLER) déi 2. Plaz an d ‘Arméi déi 3. Plaz beleeën.

Déi komplett Resultater fënnt een op www.chiplauf.de.

No der Course waren d ‘Leeferinnen an d ‘Leefer vum Police-Championat,  zu enger klenger Feier mat Präisverdeelung an Informatiouns-Austausch invitéiert, dëst an de Gebailechkeete vum Commissariat Museldall.

E grousse Merci un dëser Platz der Generaldirektioun vun der Police an all eise Leeferinnen a Leefer, sou wéi och de Benevolen, déi eis eng Hand mat ugepaakt hunn.

De Comité vum Lafclub

Aktualiséiert